Déi beweeglechste Klass 2026 - d'Aschreiwunge sinn op !

19-09-2025
Ab elo kanns du deng Klass fir d'LEVEL UP Beweegungs-Challenge umellen.
Déi beweeglechste Klass 2026 - d'Aschreiwunge sinn op !

Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechste Klass 2026“.

Hei de LINK 

Weitere Informationen

Actualités récentes

Aschreiwung WibS 2025/2026

Aschreiwung WibS 2025/2026
Ab elo sinn d‘Aschreiwunge fir de WibS-Projet fir dat kommend Schouljoer op. D’Beweegung fërdert net nëmmen d’Gesondheet, mee och d’Konzentratioun, d’Zesummenaarbecht an d’Wuelbefanne vun de Kanner. Eng aktiv Schoul ass eng lieweg Schoul – an domat och eng erfollegräich Schoul. Buch eis!
Weitere Informationen

WibS zu Diddeléng um Strutzbierg

WibS zu Diddeléng um Strutzbierg
Zwee Deeg laang war d'WibS-Ekipp vum SCRIPT zu Diddeléng um Strutzbierg. Bei beschtem Wieder konnte 17 Klassen aus dem Cycle 1-4 ausprobéieren, wat WibS genee ass. Den 19.Juni koum den Här Meisch d'Schoul besichen, an huet sech e Bild vum fuschneie Beweegungsprojet gemaach. Hie krut souwuel am Schoulhaff, an der Klass (dobaussen), wéi och an der Sportshal gewisen, wéi aktiv a motivéiert déi Diddelénger Kanner waren.
Weitere Informationen