Grousse Beweegungsdag fir de Cycle 3 um I.N.S.
Am Kader vun der 2. Nationaler Beweegungswoch gouf de 5. Juni 2024 um I.N.S. de grousse Beweegungsdag organiséiert. D’National Beweegungswoch ass den Nofollger vum Schoulsportdag, deen an de Grondschoule säit ville Jore bekannt war. Dësen Nofollgerprojet, bei deem nach méi d’Beweegung an net direkt de Sport an der Vitrinn steet, huet sech iwwer eng ganz Woch gestreckt, fir all interesséierter Schoul a Klass den néidegen zäitleche Sputt ze loossen, fir matzemaachen.
De groussen Highlight vun der Beweegungswoch war de Clevermove-Dag, deen de SCRIPT zesumme mam Sportsministère a mam Sportlycée organiséiert huet. Op dësem Mëttwoch hunn 30 Cycle 3-Klassen aus de 15 Regionaldirektiounen an 2 Flüchtlingsklassen e ganzen Dag zesumme verbruecht, op deem si ënnerschiddlech Sportaarten a Beweegungsateliere matmaache konnten. Iwwer 500 Kanner aus dem Cycle 3 haten de ganzen Dag bei dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnte sech gutt auspoweren. E MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonnegen Dag bleiwe wäert.